My Image

Hei kanns du dir d'Geschicht vun der Oktav erziele loossen, oder selwer liesen.

Wanns du Loscht hues kanns du e Bild vun der Muttergottes molen, esou wéi s du dir se virstells; oder du lueds dir eent vun deene Biller op eisem Site als PDF erof vir auszemolen. Mir géifen eis fréeen wanns du eis eng Foto vun dengem Bild géifs schécken fir op eisem Internet-Site ze weisen.(
info@kad.lu)


Viru méi wéi 350 Joer ass hei zu Lëtzebuerg d’Oktav entstane.
Deemools, am Joer 1620, war Krich an eisem Land. D’Zaldote sinn duerch Dierfer an d’Stied gezunn an hu villes futti gemaach.
Eng schlëmm ustiechend Krankheet ass ausgebrach : d’Pescht.
Wann een an enger Famill krank ginn ass, huet e meeschtens all déi aner ugestach, an et huet keen sech méi virun Dier getraut. Di meescht Peschtkrank si gestuerwen, well keen Dokter hinne konnt hëllefen.
D’Leit hunn Honger gelidden, well op de Felder näischt gewuess ass a well och d’Baueren hu missen als Zaldoten an de Krich zéien. A ville Famillje gouf et Misär a Nout.D’Leed vun de Leit war grouss. Kee konnt si tréischten. An den Häerzer an am Liewe vun de Mënsche war et däischter.

Deemols hunn an der Stad Jesuitepatere gelieft. Si haten eng Schoul gegrënnt, an där Jonge studéiere konnten : de Kolléisch. D’Pateren hu mat de Schüler a mat de Leit de Rousekranz gebiet.

D’Maria, d’Mamm vum Jesus, war fir d’Mënschen e Virbild. Och si hat an hirem Liewe vill Leed ze droen, mee si huet ëmmer op Gott vertraut.
De Pater Jacques Brocquart huet mat de Schüler aus dem Kolléisch eng aus Holz geschnëtzte Statu vun der Maria mam Jesuskand virun d’Maueren vun der Stad opgestallt. Dat war op där Plaz, déi mir haut „ de Glacis „ nennen.

Hien huet zu senge Schüler gesot : „ Kommt mir gi bei d’Maria a froe si, fir äis ze hëllefen an äis ze tréischten. „
Si hunn zur Muttergottes gebiet : „Biet fir äis beim Jesus, Hëllef äis an eiser Nout, Tréischt äis an eisem Leed.”

No a no sinn och aner Leit virun d’Statu vun der Maria biede komm.
Si hunn der Maria de Numm: „ Tréischterin am Leed „ ginn.

Am Joer 1625 huet de Pater Brocquart ugefaang, eng Kapell ze bauen, fir déi schéin Muttergottesstatu dranzestellen.
Ëmmer méi Leit si bei d’Bild vun der Maria biede komm. Vill koumen vu wäit hier, si sinn Deeg laang zu Fouss gaang. Si si bei d’Maria gepilgert.

Eemol am Joer hunn d’Pateren d’Statu vun der Muttergottes an hir grouss Kierch, d’Kathedral gedroen.Hei ass d’Statu eng Woch laang bliwwen, an dës Woch gouf Oktav genannt. All Dag si feierlech Gottesdéngschter gehale ginn a vill Leit sinn dohinner komm fir ze bieden. Um Schluss vun der Woch gouf Tréischterin an enger feierlecher Prëssessioun zréck an hir Kapell um Glacis bruecht.

Di fuerchtbar Zäite waren nach net eriwwer. Ëm d’Joer 1666 stoungen erëm eng Kéier Krich a Krankheet virun der Dier. Deemools hunn déi Männer, déi eppes an der Stad Lëtzebuerg ze soen haten, d’Maria als Schutzpatréinesch vun der Stad erwielt. Si hunn der Maria versprach, hir ëmmer ze vertrauen. Als Zeechen hu si hir d’Schlëssele vun de d’Stadpaarten geschenkt. Zwielef Joer méi spéit, 1678 , gouf d’Maria och zur Patréinesch vum Land gewielt.

Zënter där Zäit gëtt et hei am Land d’Oktav. All Joer am Fréijoer ginn d’Leit aus deene verschiddenen Dierfer a Stied vu Lëtzebuerg an aus der Ëmgéigend an d’Stad an d’Kathedral, fir bei der Maria ze bieden.
Wéi de Krich eriwwer war an d’Krankheet duerch Medikamenter geheelt konnt ginn, ass et de Leit am Land erëm besser gaangen.

Well d’Leit esou frou ware mat hirer Tréischterin, hu si hir prachtvoll Kleeder an Häerzer aus Gold a Sëlwer aus Dankbarkeet geschenkt.
D’Maria an d’Jesuskand kruten och eng wonnerbar Kroun opgesat.
Domat wollten d’Leit soen, datt d’Maria fir si wéi eng Kinnigin ass.
Et sinn och vill schéi Lidder geschriwwe ginn, déi nach all Joer an der Kathedral an am ganze Land gesonge ginn.

Quell : Maria , Mass a Mäertchen / Editions Saint Paul / Erwuesse – Bildung

Steng-Challenge

-

Villäicht hutt dir beim Spadséieren och eemol Loscht un d’Maria ze denken. Wier et net eng Iddi ee klenge Bouquet mat puer Wiseblummen ze plécken, an déi an d’Kierch, d’Kapelle oder bei d’Grotte vun ären Duerf bei d’Mutter Gottes ze droen?
Mir kinnten eng kleng Steng-Challenge maachen:
• Du besuergs dir ee schéine glate Steen, et duerfen der och gär méi sinn.
• Denk dir eppes aus: Wat bedeit d’Maria fir mech? Wat verbannen ech mat der Mutter Gottes? Wéi ee Wuert past gutt bei d’Himmelsmamm?
• Dekoréier lo däi Steen mat denge Gedanken. Am beschten hëllst du Acrylfaarf, een Eddingstëft, oder du lackéiers de Steen zum Schluss, fir dass däi Steen och mam Reen nit futti geet.
• Dro däi Steen an dengem Duerf an d’Kierch oder bei d’Grotte zu Rippweiler bei d’Maria.


Mir proposéieren Iech Gottesdéngschter adaptéiert fir Äer Kanner, wou Äer Kanner biblesch Texter erzielt kréien, kannergerecht Lidder sangen an och Gebieder léieren a bieden. Kommt emol lanscht kucken a vläicht kritt Dir an Äer Kanner Loscht fir mat ze feieren!

Nous vous proposons des célébrations adéquates pour vos enfants. Où vos enfants entendront des textes bibliques, ils chanteront des cantiques, apprendront des prières et nous prierons ensemble. Nous vous invitons à venir avec vos enfants et peut-être aimerez-vous et fêterez avec nous.

    • 02/13/2020 02:00 PM
      02/13/2020 02:00 PM

      Familljekateches - Catéchèse pour familles (à p. 10 ans)

      Am Kader vun der Kommiouns-Virbereedung- Dans le cadre de la préparation de la 1ère communion
      location_on Everlange, Eglise access_time 14:00-15:00
      • 02/23/2020 02:00 PM
        02/23/2020 02:00 PM

        Kannergottesdingscht / Célébration pour enfants

        Am Kader vun der Kommiouns-Virbereedung- Dans le cadre de la préparation de la 1ère communion
        location_on Useldange, Eglise access_time 14:00