16.11.2016: Informatiounsversammlung

Nodeems d’asbl “Kierch am Duerf – Gemeng Useldeng” de 19. September 2016 a Präsenz vun net manner wéi 37 Grënnungsmemberen an d’Liewe geruff gouf, huet de Comité all d’Bierger vun der Gemeng op eng Informatiounsversammlung an d’Buvette vun der Useldenger Schoul invitéiert. Et war flott ze gesinn, dass ganz vill Leit dëser Invitatioun nokomm sinn, wat och e Beweis dofir ass, dass di kontrovers Diskussiounen an der Gesellschaft betreffend di sougenannten Trennung vu Kierch a Staat, d’Bierger aus eiser Gemeng net kal loossen.
 
A Präsenz vum Här Buergermeeschter Pollo Bodem, dem Schäffen Raymond Feinen an de Gemengeréit Claude Bach a Raymond Schmit (de Schäffen Gérard Anzia huet sech entschëllege gelooss) kruten d’Leit eng Rei vun Informatiounen iwwert folgend Themen:
 
Firwat eng nei Asbl
Wat sinn d’Ziler vun der “Kierch am Duerf”
Zesummenaarbecht mat der neier Par
Iddien fir 2017 an doriwwer eraus
Konventioun teschend de Kierchefabrécken an der Gemeng Useldeng betreffend Kierchegebeier
Accord mat de Gemengeverantwortlechen betreffend de Verkaf vun den Terrain’en déi am Besetz vun de Kierchefabrécken sinn
 
Esouwuel de Comité vun der asbl “Kierch am Duerf” wéi och den Här Buergermeeschter hu betount, dass d’Diskussiounen iwwert d’Konventioun an engem ganz konstruktive Geescht verlaf sinn, an d’Entscheedungen déi an dëser Konventioun festgehalen gi sinn (déi iwwregens och vum Bistum mëttlerweil approuvéiert goufen) fir di zwou Säiten de richtege Wee an d’Zukunft bedeit.
 
De Comité setzt sech aus folgende Leit zesummen: Lou Ney (Presidentin), Fernand Even (1. Vizepresident), Lea Sietzen (2. Vizepresidentin), Anni Rasque (3. Vizepresidentin), Nicolas Fisch (4. Vizepresident), Claude Metz (Secrétaire), Jeanny Schroeder (Tresorière)
 
Fir den Ofschloss huet “Kierch am Duerf” nach op e klenge Maufel an e gudde Patt invitéiert.


16.10.2016: KAD-Familje-Fest

Mat iwert 180 Leit war d'Familje-Fest (fréiert Par-Fest) erem e groussen Erfolleg. D'Harmonie Useldeng, ennert der Leedung vum Paul Fox konnt erem openeis mat engem flotten Concert-Apéro begeeschteren.

Duerno gouf wéi all Joer gudd opgedescht. Entweder waarm Haam mat Speckgromperen an décke Bounen oder hausgemaachte Paschtéit mat Fritten an Zalot. Als Dessert eng grouss Kaffis-Stuff mat vill guddem Kuch an Taarten.


19.09.2016: Grënnungsversammlung

Den 23. September 2016 huet sech d'asbl "Kierch am Duerf - Gemeng Useldeng" gegrënnt. 37 Grënnungsmemberen ware präsent a 16 Memberen hu sech bereet erklärt am 1. Verwaltungsrot matzeschaffen !

De Comité setzt sich wéi folgt zesummen:
Lou Ney (President). Fernand Even (1. Vizepresident), Lea Sietzen (2. Vizepresidentin), Anni Rasqué (3. Vizepresidentin), Nicolas Fisch (4. Vizepresident), Claude Metz (Sekretär), Jeanny Schroeder (Trésorier)


15.09.2016: Chrëschten hëllefe Chrëschten

Nach éier mir eis asbl "Kierch am Duerf - Gemeng Useldeng" gegrënnt haten, koum eiser Presidentin des spontan Aktioun an de Sënn.

No deene schrecklechen Iwerschwemmungen an der Fiels, huet eng Equipe vu Leit aus der Useldenger Gemeng sech spontan décidéiert fir de Schwesteren zu Miedernach eng Hand unzepaaken. Hiere schéine Park gouf zum Deel vum Waasser zerstéiert. D'Schwesteren waren immens iwerrascht vun deser flotter spontaner Aktioun; d'Schwesteren a mir selwer haaten vill Freed wéi d'Fotoen beweisen.


RapidWeaver Icon

Made in RapidWeaver