04.03.2020: Assemblée Générale

Assemblée Générale vun der KAD an der Useldenger Primärschoul.


04.03.2020: Virtrag vum Här Bernard Keutgens ; organiséiert an Zesummenarbecht mat der Par Atertdall Ste Claire.

Virtrag vum Här Bernard Keutgens, ee Vertrieder vun der «Fokolar-Beweegung» aus der Belsch, deen säit enger Rei Joren zu Aleppo a Syrien schafft. Hien huet sech bereet erkläert fir äis aus éischter Hand Informatiounen aus dësem Krisegebitt ze ginn. Den Här Keutgens ass awer och ëmmer beméit fir net just iwwert de Misär an dëser Regioun ze beriichten, mee virun allem och iwert déi immens flott Gesellschaft déi mat vill Courage hiren Alldag probéieren ze meeschteren. En ergräifenden Virtrag mat Photoen aus der Regioun. (DE / FR).


Immens vill Leit hunn sech fir dese Virtrag interesséiert; de Sall war voll.


Oktav: D'Kommuniouns-Kanner waren ganz aktiv während der Corona-Zeit an hunn schéi Biller an och Steng wonnerschéin bemolt.

Mir hunn eis 2 flott Aktiounen fir iech ausgeduecht. Klickt einfach op di 2 Biller lénks a riets vun desem Text fir weider Informatiounen.

RapidWeaver Icon

Made in RapidWeaver