02.11.2017: Night of the Saints

Eis "Night of the Saints" huet als Zil fir d'Liewen an d'Wierken vun engem Hellegen vun deemools an engem Hellegen aus eiser Zäit kennen ze léieren. Den Owend riicht sech souwuel u gleeweg Leit wéi och un Agnostiker oder Atheisten. Den Ufank maache mir dëst Joer am Zeechen vum Numm vun eiser neier Par mat der helleger Clara vun Assisi a vergläichen hiert d'Liewen mam Liewen vum Chiara Badano Luce.

D'helleg Chiara dei Scefi (Clara vun Assisi) (1194-1253) war begeeschtert vum Hl Franz vun Assisi sengem Aarmutsideal. Mat 18 Joer ass si aus dem adelegen Elterenhaus fortgaangen an huet den Orden vun den "Aarme Schwësteren", de Klarissinnen-Orden gegrënnt. Ongeféier em 1224 ass d'Clara schwéier krank ginn. Si huet anscheinend Kranker geheelt, déi d'Doktere längst opginn hunn. 2 Joer no hirem Doud ass sie vum Poopst Alexander IV helleg gesprach ginn.

D'Chiara Luce Badano (1971-1990) koum an engem klengen Duerf a Nord-Italien op d'Welt. Hire Papp war Camions-Chauffeur an hir Mamm huet an engem Betrib geschafft déi Amaretti'en produzéiert hunn. Si huet vill Sport gemaach a Piano gespillt. 1989 gouf dunn bei hir Knachekriips diagnostizéiert. Hiren Ëmgang mat de Frënn, der Famill an och mat der Krankheet war geprägt vun enger déiwer Bezéiung zum Jesus. Hiert beispillhaft Liewen huet allgemengt Erstaunen ausgeléist; d'Freed an hiren Aen huet d'Leit ugezunn. 2010 ass si vum Poopst séileg gesprach ginn.

Mir hunn di grouss Chance e Frënd vum Chiara Luce an eiser Mëtt ze begréissen. De Franz Coriasco schafft als Journalist bei der italienescher RAI. Mir hunn d'Geleeëenheet him Froen ze stellen iwwert d'Liewen vum Chiara. Ganz spannend ass och wéi de Franz als Agnostiker mat der Thematik ëmgeet. (www.chiarabadano.org).

Photoen: Charles Reiser

22.10.2017: Famillje-Fest

Mat villen äerdegen Hänn goufen och dëst Joer erëm 2 exzellent Menü'e preparéiert. Iwwer 200 Leit hunn sech dat alles gutt schmaache gelooss. Virdrun huet d'Harmonie Useldeng eis nach e flotte Conert-Apéro gespillt. Owes sinn och nach eng Rei Leit eng Hameschmier oder Ham mat Fritten an Zalot iesse komm.


13.08.2017: Velos-Tour mat de Massendénger

Och dest Joer wollte mir eise Massendénger villmols Merci soen fir hieren Asaatz während dem ganze Joer. D'Jeanny Schroeder an de Raoul Schaaf hun d'Käpp zesummegestreckt a sech dest Joer fir e flotte Velos-Tour entscheed. Esou ass eng ganz Equipe Sonndes no der Houmass zu Useldeng fortgefuer. Iwert flott Velos-Weer bis op Habscht. Do gouf sech mat enger gudder Pizza gestärkt an duerno erem op de Wee gemaach Richtung Biekerich wou op der Millen-Terrasse nach e gudden Dessert opgedescht gouf; an duerno erem zréck op Useldeng. D'Wieder haat Gottseidank och matgespillt.


08.07.2017: Donatus-Feier zu Useldeng

Zur Eier vum Hellëgen Donatus, de Schutzpatréiner vun de Rettungsdëngschter, gouf och dest Joer fir eis Pompje'en aus der Gemeng Useldeng, eng Donatusfeier organiséiert. Och d'Harmonie vun Useldeng an natierlech eise Kierche-Chouer hun sech et net huele gelooss fir des Feier mat Musék a Gesank ze begleeden. Als Ofschloss gouf nach e gudde Patt offréiert.


29.05.2017: Pilgerwee bei d'Fatima op Bissen

Méindes, den 29. Mee huet e Grupp Leit sech op de Wee gemeet fir vun Useldeng op Bissen bei d’Madonna vu Fatima ze pilgeren. Pünktlech fir d’Owesmass ass de Pilgergrupp an der vollbestzter Kierch zu Bissen ukomm déi vun den Hären Joël Santer a Ricardo Monteiro zelebréiert a vun der portugiesischer Chorale vu Gilsdorf gesanglech verschéinert gouf. Uschléissend un d’Mass ass d’Liichterprëssioun zu Éieren vun der Madonna ronderëm d’Kierch gaangen wou d‘Pilger mat gebiet a gesongen hunn. Duerno huet den Här Joëlle Santer de Schlusssegen erdeelt an all uwiesend Pilger op eng Agape invitéiert.


22.04.2017: Barmhäerzegkeets-Daag

Den 1. Daag vun der Barmhäerzegkeet war e flotten Erfolleg. Eng ganz Rei interesséiert Leit hun de Wee op Useldeng an der Centre Culturel fonnt. Iwer 1000 Bicher zu deenen verschiddensten Themen woren ausgestallt a konnten mat engem Don fir e gudden Zweck kaaft ginn. Mat engem gudde Stéck Kuch oder frësch gebaaken Eisekuchen an engem gudde Patt ass e gemittlechen Nometteg verbruecht ginn.


23.03.2017: Assemblée Générale

Op eiser 1. Assemblée Générale ware vill Memberen uwiesend. Mir hun iwert d'Grënnung vun der KAD geschwaat an en Ausbléck op eis Aktivitéiten fir d'Joer 2017 gin.


12.03.2017: Visite vum Äerzbeschof Jean-Claude Hollerich

Ee groussen Dag fir eis lokal Kierchen aus der Gemeng. Eng leschte Kéier an der jetziger Form vun eise Paren Useldeng/Rippweiler an Iewerleng/Schandel hu mir d'Ëier, den Här Äerzbeschof Jean-Claude Hollerich bei eis op Besuch zu hunn.

Glaichzäiteg ass d'Ëierung am Numm vun der Lëtzebuerger Kathoulescher Kierch, vun dräi Chrëschten aus der Mëtt vun eise Paaren, fir hiert bénévolt a besonnesch verdéngschtvollt joerzéngtelaangt Wierken am Kiercheraum, zum Gottesluew an der Verschéinerung vun alle kierchlechen Ereegnesser an eiser Gemeng:

- d'Madame Finny Kleer-Schmit vum Rippweiler
- den Här Jean Schmit vun Iewerleng
- d'Madame Olga Thimmesch-Bannella vun Useldeng.

Photoen: Charles Reiser

08.03-12.03.2017: Ausstellung "PRAY"

Eng Foto-Wanderausstellung rondrëm d'Bieden zu Lëtzebuerg; an der Useldenger Kierch.

15 Glawensgemeinschafte gi mat Hëllef vu 40 Fotoen en interreliéisen Abléck an d'Vilfalt vum friddleche Mateneen a Niewenteneen vu Reliounen op enkste Raum matten an Europa.

Parallel zur Ausstellung hu mir e Bicherstand vun der ErwuesseBildung zum Thema "Kommunioun".

Photoen: Charles Reiser

RapidWeaver Icon

Made in RapidWeaver