04.03.2018: KAD-Barmhäerzegkeetsfest & Feier vum Här Paschtouer Mathieu Janssen fir seng 30 Joer Aktivitéit an eiser Gemeng

Ganz vill Leit hun zesummen eise Paschtouer Mathieu Janssen an enger gudd gefëllter Kierch gefeiert. D'Kanner aus eiser Gemeng hunn d'Mass gehollef gestalten. Eis Chorale huet natierlech och net gefehlt an d'Mass mat engem schéine Programm ofgeronnt. Duerno huet d'Gemeng Useldeng den Apéro am Centre Culturel offréiert. D'Kanner hun hier Spillsaachen fir de gudden Zweck verkaaft, an die Erwuessen konnten no engem gudden Iessen och nach bei eisem Bichermaart passéieren.


25.02.2018: Kierchentour - eis Kierche verzielen Org: LSRS & ErwuesseBildung.

Vill Leit haaten de Wee fonnt op Iewerleng an d'Kierch fir un enger interessanter Konferenz iwert d'Iewerlenger Kierch deelzehuelen. Mat engem gudde Patt ass den erfollegräichen Nomëtteg ofgeschloss ginn.

My Image

22.02.2018: Assemblée Générale

Leider waren dest Joer net esou vill Memberen op eis Assemblée Générale koum. No enger Gedenkminutt fir de verstuewenen Néckel Anzia, de Mann vun eiser Presidentin Lou Ney, ass den Aktivitéitsbericht virgedroen ginn. A voller Transparenz sinn och d'Konten presentéiert gin esou wéi och en Ausbléck op d'Aktivitéiten vun 2018.


RapidWeaver Icon

Made in RapidWeaver